Transfert News: Martin Forkel


23 June 2021

Zum Oofschloss vun eise sëllegen Transfert News, wëlle mir um Nationalfeierdag eise Chefcoach Martin Forkel nach eng Kéier viirstellen, deen eis och fir déi kommend Saison erhaale bleift! Hien war leschte Wanter op Berbuerg komm an hat leider net vill Geleegenheet fir säi Fachwëssen op den Terrain ze bréngen. Trotz Angeboter aus dem Profiberäich huet hien sech bewosst fir den FC Berdenia an eise gemeinsame Wee entscheed. Doriwwer si mir ganz frou an hoffen op eng erfollegräich Zesummenaarbescht an der Eirepromotioun. Méi zu senger interessanter Vita fannt Dir an eisem Post vum November 2020: FC Berdenia Berbourg - Martin Forkel ass eise neie Cheftrainer
 
Auf geht's, Martin!
 
Mir si Berbuerg!