Transfert News: Joel Deville


08 June 2021

Den FC Berdenia Berbourg ass immens frou fir de Joel Deville als 2. Equipe Trainer fir déi kommend Saison kënne viirzstellen an hien domat rëm an enger aktiver Funktioun am Veräin begréissen ze kënnen. De Joel ass e bekannte Berbuerger Gesiicht a war scho vun 2003 bis 2005 als Trainer vun der 1. Equipe engagéiert, deemols nach "am Bongert" an der 2. Divisioun. Hien war ënner aanerem och Spiller a Jugendtrainer zu Berbuerg an huet divers Trainerstatiounen zu Beggen (U17), Jonglënster (U19/U21) an Hesper (U17/U21) gemaach.

De Joël léist deemno de Pol Crelo op der Bänk vun eise Seniors Reserven of, deen d'lescht Joer mat der Equipe an déi 2. Klass Reserven opgestiegen war. Mir soen dem Pol villmools Merci fir säin Engagement a wënschen dem Joel vill Erfolleg op sengem Wee mat der 2. Equipe

N.B.: An den nächsten Deeg a Wochen presentéieren mir eise Fans a Supporter op dëser Plaz weider Transfert News vum Veräin. Stay tuned!

Mir si Berbuerg!