Transfert'en Wanterpaus


16 March 2023

Och wann d'Réckronn schonn eng Zäitchen leeft, kritt Dir hei nach de Résumé vun eisen Transfertaktiviéiten aus der Wanterpaus (op der Foto vu lénks no riets):
 
Rigon Spahiu - den 20 Joer aale Rigon ass e groussen a stabillen Inneverteideger. Hien kënnt vun Olympic Charleroi aus der Belsch, an huet viirdrun an der Jugend vum FC Heidenheim a VfB Stuttgart gespillt.
 
Pedro Silva - den 22-jähregen Pedro kënnt vun eisem Konkurrent Blo-Wäiss Medernach, spillt fir d'Réckronn bei der zweeter Equipe a wëll fir déi nei Saison de Sprong an d'éischt Equipe maachen.
 
Alexis Gaudreault - den 19 Joer aale Kanadier ass am defensive Beräich doheem. Hien kënnt iwwer d'Metzer Fussballschoul vum kanadeschen Club CS Saint-Laurent op Berbuerg.

Tiziano Esposto - den 19 Joer aalen Tiziano kënnt vun US Hostert an ass am Trainerberäich engagéiert. Hien huet fir seng jonk Joren schon eng Reih Schäiner an ass bei eiser éischter Equipe wéi och bei der Jugend am Asaz.
 
Pierre Hoffmann - de Pier kënnt vum FC Victoria Rosport an ass rezent also Co-Trainer bei eis éischt Equipe derzougestouss. A senger aktiver Carrière huet hien sou munches erlieft an huet och am Trainerberäich schonn éischt Erfahrungen, zB als Co-Trainer beim FC Minerva Lintgen, gesammelt.
 
Mir heeschen si all häerzlech wëllkomm an der Bärefamill a wënschen hinne bonne Chance op hiere Positiounen!
 
Schonn am Laf vun der Hironn hate mir aus diverse Grënn folgend Oofgäng ze verzeechnen: Jakub Jarecki, Ricardo Gomes, Dahi Sgahi an Cudi Yagbassan.
 
Op eng erfollegräich Réckronn!
#MIRsi75joerBERBUERG