Tabelleleader an der Eirepromotioun ?!


06 September 2022

FC Jeunesse Junglinster - FC Berdenia Berbourg 0-2
 
Am Derby um 3. Spilldag zu Jonglënster kënnt eis Berbuerger Equipe mat 2 gudde Chancen an der Ufanksphase direkt gutt an de Match. No enger verpasster 1 géint 1 Chance vum M'Bappé Camara, ass et an der 15. Minutt den 0-1 duerch e Fouleelefmeter verwandelt vum Jabez Makanda. Bis zur Paus bleift de Match intensiv awer ouni gréisser Chancen.
 
Och no der Halbzeit ass et weiderhinn e schnelle gudde Match mat wéinege Chancen op béide Säiten. An der Schlussphase gëtt eise Géigner dann e bessen méi staark a versicht nach op den Ausgläich ze drécken, mee no engem Berbuerger Kappball op de Potto vum Ricardo Gomes an der 85. Minutt, ass et de Benssad Sulejmani deen an der 94. Minutt mam 0-2 fir eis Faarwen definitv den Deckel drop mecht.
 
Soumat huelen mir e weideren Dräier a stinn no 3 Spilldeeg mat 7 Punkten als Tabelleleader vun der Eirepromotioun do, eppes waat et fir eise Veräin bis dato nach nie ginn ass! Weider sou!
 
Bei de Seniors Reserves huet dëse Weekend och d'Championnat rëm ugefaangen. Eis zweet Equipe huet um Freideg Owend 0-0 zu Bettembourg gespillt. Dëse Freideg hu mer e Fräilous an der Coupe an e Freideg 16/09 ass um 20h00 den Derby doheem géint Union Mertert-Wasserbillig.
 
Eis éischt Equipe spillt dann e Sonndeg um 16h00 zu Berbuerg an der Street Wheels Arena géint den FC Luxembourg City, dem ehemolegen RM Hamm Benfica deen aus der BGL Ligue oofgestiegen war.

Kommt eis Equippen ënnerstëtzen!
 
Mir si Berbuerg!