Startschoss an déi nei Saison

Team+Sponsors



25 August 2017

No knapp 6 Wochen Preparatioun, wou haaptsächlech am physesche Beräich, mee awer och taktesch a spilleresch geschafft ginn ass, geet dëse Weekend d'Championnat am Seniorsberäich un. De läschte Preparatiounsmatch huet eis zweet Equipe e Mëttwoch mat 5-2 géint Biwer gewonnen.



Déi 1. Equipe spillt e Sonndeg 27/08 zu Zéisseng géint AS Porto Luxembourg. Opgepasst, de Match gëtt réicht um 18h00 ugepaff.



Schon e Freideg 25/08 spillt eis 2. Equipe um 20h00 doheem géint US Sandweiler.



Bonne Chance all eisen Equipen am Championnat mat hoffentlech gudde sportleche Resultater.