Spend vu Fussballsschong a Material fir Kanner vun Djinack, Senegal


09 March 2020

En Opruff vum Thierry & Angèlika Dufour vun Iechternach hunn sech eis Bären vun der éischter Equipe besonneg zu Häerze geholl. Zesumme mat senger Equipe huet eisen Trainer Jorge Freitas sech op d'Been gestallt fir de Kanner am Senegal, méi genau op der Hallefinsel Djinack-Bara un der Grenz zu Gambia, kënnen ze erméiglechen fir zesummen Fussball ze spillen. Si hu Suen gesammelt, an zesummen mam Decathlon Saint-Martin eng Hellewull u Material zesummegedroen. Alles fonkelnei Saachen, 50 Puer Fussballsschong, Bäll, Trainingsmaterial, je alles waat gebraucht gëtt fir eisem schéinen Hobby nozegoen. E Sonndeg virum éischten Heemmatch vum Joer ass dës Kollekt am Stade Renert offiziell un Thierry & Angèlika Dufour iwwerreecht ginn a wäert demnächst mam Container a Richtung Senegal bei d'Kanner goen, déi dës Spend sëcherlech mat liichtenden Aaen wäerten entgéint huelen.
 
De Veräin wëll op dëser Plaz och der gesamter éischter Equiper an hierem Staff, besonneg awer dem Jorge Freitas deen daat Ganzt orchestréiert huet, en décke Merci an e grousse Respekt fir dës schéin Aktioun ausschwätzen. Mir soen och dem Thierry & Angèlika Dufour villmools Merci fir hieren onermiddlechen Asaz an hoffen dass d'Kanner zu Djinack vill Freed domat hunn, a vläicht déi eng oder aaner Victroire domat kënne feieren! Mir si Berbuerg! An nach vill méi!
 
Op dëser Plaz gi dir och um Laafenden gehaalen wou eis Spend drunn ass.