Seniors 2: Wichteg 3 Punkten virum Derby


23 November 2019

FC Berdenia Berbourg II - FC Résidence Walferdange II 3-0

Am leschten Heemmatch virun der Wanterpaus huet eis zweet Equipe géint 9 Mann vu Walfer gespillt. An engem interessante Match huet Berbourg sech Ufanks awer schwéier gedoen a konnt an der éischter Halschent 4 Riesechancen net verwäerten, sou dass et mat 0-0 an d'Paus gaangen ass.

An der zweeter Halschent daat selwescht Bild, ausser dass Berbourg dës Kéier seng Chancen notze kann. An der 68. Minutt fällt den 1-0 duerch de Pit Speltz. Ab elo war et méi einfach an de Ball ass besser gerullt. Nëmmen 2 Minutten drop setzt de Max Schrantz e schéine Fräistouss an de Wénkel. An der 75. Minutt huet de Pit Speltz op eneits markéiert an op 3-0 gesat, waat och gläichzäiteg den Endstand war.

Nächste Freideg ass dann um 20h00 zu Biwer um Terrain de grousse Showdown géint den Tabellenzweeten, wou mir eis éischt Plaz natierlech wëllen verteidegen. EIS FANS SINN ALLEGUER OPGERUFF FIR EIS EQUIPE OP BIWER ENNERSTETZEN ZE KOMMEN! MIR SI BERBUERG!