Seniors 2: Weider un der Tabellespëtzt


30 September 2019

FC Berdenia Berbourg II - AS Rupensia Lusitanos Larochette II 4-0

Direkt huet Berbuerg probéiert d'Kontroll iwwer de Match ze kréien. Daat ass leider nëmmen zum Deel gelongen well mir déi éischt 20 Minutten virun allem mat laange Bäll probéiert hunn fir e schnelle Goal ze maachen. Duerno hu mer de Ball lues awer secher besser an den eegene Reihen laafe gelooss an domat och e besseren Zougrëff um Terrain kritt. Sou sinn och déi zwee éischt Goaler nach virun der Paus gefall, den 1-0 duerch den Dany Leconte an den 2-0 duerch den Imran Rafdy. D'Fiels hat an den éischte 45 Minutten nëmmen zwee Wäitschëss opweises, déi net mol op eise Goal gaange sinn.

An der zweeter Halschent hunn déi Orange weider den Toun uginn an de Ball an de Géigner laafe gelooss. De Joé Reuter konnt déi bis dohinn eenzeg géigneresch Chance souverän paréieren. An der 58. Minutt ass d'Viirentscheedung gefall wéi den Dany Leconte mat sengem zweete perséinleche Goal op 3-0 erhéicht huet. An der 76. Minutt huet de Max Schrantz de Schlusspunkt zum 4-0 gesat. Déi Fielser kënnen hierem Keeper (deen alleng 4 Honnertprozenteger vun eis paréiert huet) Merci soen dass d'Resultat net nach méi héich ausgefall ass. Berbuerg huet domat verdéngt gewonn a bleift un der Tabellespëtzt.

Mir si Berbuerg!