Seniors 2: Victoire zu Mensbech


24 May 2019

FC Munsbach II - FC Berdenia Berbourg II 1-4 

De Match vum leschte Freideg zu Munsbach ass direkt mat Drock vum Géigner ugaangen, deen och schonn an der 1. Minutt hätt kënnen a Féirung goen. De Schoss war awer net platzéiert genuch sou dass de Joé Reuter kee Problem haat fir dës Chance ze entschärfen. Berbuerg huet eng gutt 10 Minutte gebraucht fir sou richteg an de Match ze fannen. An der 13. Minutt ass den 0-1 fir Berbuerg duerch de Chris Sauber gefall. Lo ware mer am Match an hunn ëmmer weider no viir gespillt. Virun der Halschent ass et Schlag op Schlag gaangen: 36. Minutt Manuel Kaufmann op www.penalty.lu, 39. Minutt Lucas Tsapanos, 43. Minutt David Schuster. Sou dass et fir d'Paus 0-4 zu eise Gonschte stoung.

No der Paus hu mir allerdéngs de Fuedem verluer a Mensbech hat an den éischten 10 Minutten direkt 3 grouss Goalchancen, wou mir kënne frou sinn dass keng vun deenen de Wee bis an de Goal fonnt huet, soss wier de Match nach eng Kéier onnéideg spannend ginn. Den eenzege Goal fir Mensbech fällt an der 57. Minutt duerch e Wäitschoss vun der Mëtt iwwert eise Keeper, deen secherlech en Téck ze wäit virum Goal stoung. Kuerz drop ass de Match dann ofgeflaacht an et ass op béide Säiten näischt méi komm, sou dass mer déi 3 Punkten vu Mensbech mat op Berbuerg geholl hunn. 

Den Owend, Freideg 24. Mee um 20h00, geet et doheem weider mam leschte Championnatsmatch an Derby géint US Berdorf-Consdorf II. Allez Berbuerg!!!