SENIORS 2: Trainer a Programm

SENIORS 2: Trainer a Programm

Bei der zweeter Equipe iwwerhëllt de Pol Crelo den Trainerposten. De Pol brauche mer u sech net weider viirzestellen, hien ass en aale Bekannten a Frënd vum Veräin a war schon an diverse Rollen fir den FC Berdenia Berbourg aktiv. Mir wënschen him bonne Chance a sénger "neier" Funktioun a sinn eis sécher dass d'zweet Equipe rëm gutt opgestallt ass fir déi nei Saison.

Doderniewt huet d'FLF haut och d'Opdeelung vun den Divisiounen souwéi de Calendrier général bekannt ginn.

Eis Seniors 2 spillen d'Saison 2018/2019 an der 3. Classe, Série 2. Do ginn et ënner aanerem och rëm eng Keier eng ganz Reih flott Derby'en. D'Championnat fänkt Freides den 31. August un. Hei d'Lëscht vun eise Géigner:

FC Munsbach
Entente Wormeldange/Ehnen
Union Remich/Bous
AS Rupensia Larochette
US Hostert III
US Berdorf-Consdorf 01
CS Grevenmacher
Blo-Wäiss Itzig
Blo-Wäiss Medernach
FC Syra Mensdorf
FC Lorentzweiler