Seniors 2: Schwierege Match beim Zweetleschten


10 March 2020

AS Rupensia Lusitanos Larochette II - FC Berdenia Berbourg II 1-4
 
Berbuerg ass an der éischter Halschent guer net an de Match komm. Mat enger Reih Fehlpassen a wéineg Lafbereedschaft ass et sou och beim Tabellenzweetleschten net selbstverständlech fir ze gewannen. A sou waren et och déi Fielser déi an der 16. Minutt mat 1-0 a Féirung gaange sinn an dëst Resultat mat an d'Halbzeit huele konnten.

Anscheinend hat den Trainer Pol Crelo an der Kabinn dunn awer déi richteg Wieder fonnt an huet gewiesselt, sou dass Berbuerg sech ganz aanescht an der zweeter Halschent presentéiert huet. Déi Fielser sinn vun elo un net méi aus hierer eegener Halschent rauskomm, an déi Orange haten eng ganz Reih Chancen, dorënner och e puer 100%eger. Et huet awer bis zu der 70. Minutt gedauert wéi Berbuerg endlech ausgläiche konnt, dëst duerch den Daniel Benner op e Korner hinn. D'Equipe huet weider no viir gespillt a kann eréicht an der 87. Minutt den erléisenden 1-2 duerch de Max Schrantz maachen. An der 90. Minutt mecht den Daniel Benner nach den 1-3 an 2 Minutten drop den Yves Dahm den 1-4 Endstand.
 
Och déi 3 Punkten zielen an huele mir gäre mat op Berbuerg. Sou hu mir fir de Moment e Viirsprong vu 4 Punkten op den zweetplazéierte Biwer, nodeems hire Match géint AS Luxembourg Porto ofgesot gi war.

Weider geet et e Freideg um 20h00 mam Derby doheem géint US Berdorf-Consdorf II.
 
Mir si Berbuerg!