SENIORS 2: Schéi Goaler bréngen 3 wichteg Punkten


14 March 2018

FC Berdenia Berbourg II - US Hostert III 5-3 
-
Den éischten offizielle Match doheem nom Hin an Hier wéinst de Wiederconditiounen sollt fir eis zweet Equipe mat engem Succès op en Enn goen. 

No nëmmen 2 Minutten kann awer de géigneresche Stiermer séng Faarwen mat 0-1 a Féirung bréngen, dëst nodeems de Ball an der Mëtt liichtsënneg vertändelt ginn ass. D'Äntwert kënnt prompt: an der 4. Minutt erkämpft de Wenzel Schommer sech de Ball a schéckt de Charel Kremer iwwert lénks. De Ball kënnt an d'Mëtt op de Chris Sauber, deen zum 1-1 ausgläiche kann. No 9 Minutten kritt de Mohammed Alizadeh de Ball vum Charel Kremer an hëllt sech en Häerz. De Ball schléit genau am Wénkel an. Herrleche Goal. 2-1 fir Berbourg. An den Uschlossminutten ginn et weider Chancen vum Charel Kremer a vum Max Schrantz, déi awer allenzwou vum Keeper ofgewiert ginn. An der 25. Minutt kënnt eng Pass vum Wenzel Schommer op den Yves Dahm, deen de Score mat engem schéine Schoss an d'Kräiz op 3-1 erhéiche kann. No engem Ballverloscht an der 33. Minutt an der Berbuerger Virwäertsbewegung, spillt Hostert séier iwwer riets, wourops hinn de Stiermer d'Pass an d'Mëtt verwäerten an op 3-2 verkierze kann. Fir de Rescht vun der éischter Halschent hu sech béid Equipen am Mëttelfeld neutraliséiert. 

Déi éischt nennenswert Aktioun an der zweeter Halschent ass e Korner vu Berbuerg. De Charel Kremer bréngt e laange Ball op den zweete Potto, wou den Yves Dahm per Voley zum 4-2 erasetzt. Emgedréihte Kombinatioun an der 70. Minutt, den Yves Dahm passt dës Kéier op de Charel Kremer deen de Score op 5-2 schrwauwe kann. Kuerz drop, no engem Korner, ass déi Berbuerger Ofwier ze passiv, de Géigner kann dovunner profiétieren an den 5-3 markéieren. An de Schlussminutten huet Berbuerg nach e puer Goalchancen vum Jérôme Oswald a Chris Sauber, et sollt awer beim Endresultat vu 5-3 bleiwen. Eischte Match vun der Réckronn doheem, éischt Victoire mat enger Reih schéine Goaler. Berbuerg muss awer nach séng Fehler an der Ofwier ofstellen an de Schwong mat an déi nächst Matcher huelen. Eenzege Bémol vum Match ass dem Jérôme Oswald séng erneiten Verletzung un der Hand. Gudd Besserung, Jérôme! 

Equipe: Sam Faber, Pol Petry, Ben Ruppert, Yannick Freitas, Eric Frondizi, Mohammed Alizadeh (77. Serge Hoscheid), Chris Sauber, Charel Kremer (73. Jo Pitzen), Wenzel Schommer, Max Schrantz (60. Jérôme Oswald), Yves Dahm 
Reserve: Serge Hoscheid, Jérôme Oswald, Jo Pitzen