SENIORS 2: Out an der Coupe


22 September 2018

FC Marisca Mersch II - FC Berdenia Berbourg II : 4-2

 Miersch huet direkt vun Ufank un Drock gemaach, deem déi Berbuerger awer an den éischte 15 Minutten nach konnte Stand haalen. Duerno ass et allerdéngs séier gaangen, woubäi déi Orange zwee Cadeau'en gemaach hunn: 1-0 an der 15. Minutt, 2-0 an der 20. Minutt an den 3-0 an der 26. Minutt. Duerno war de Match bis zur Halbzeit allerdéngs rem méi ausgeglach sécherlech och wëll Miersch e Gang zréck geschalt huet. Berbourg hat awer och nach 2-3 gutt Chancen fir e Goal ze schéissen.

No der Paus war et dunn e ganz aanert Bild. Eis Jongen si vill méi aggressiv an d'Zweekämpf gaangen a konnte soumat de Match op hier Säit zéihen. An der 51. Minutt geléngt dem Manuel Kaufmann den Uschlosstreffer an duerno war et och weiderhinn e Spill an eng Richtung. Miersch stoung lo nëmmen nach hannendran a Berbourg konnt 3 weider ganz gutt Chancen erausspillen bis den Yves Dahm an der 70. Minutt op 3-2 verkierzt. An der Schlussphase war suguer nach Pech fir eis Jongen derbäi, wéi de Ball eng Kéier vun der Lat an eng Kéier vum Potto déviéiert gouf. Bei deem Stand huet déi Berbuerger Equipe lo natierlech alles riskéiert, waat leider duerch e Konter an der 80. Minutt bestroft ginn ass mam 4-2 fir Miersch.

Fazit: Trotz 3-0 Réckstand huet d'Equipe sech net opginn an eng fantastesch zweet Halschent gewisen, sou dass den Trainer Pol Crelo trotz Néierlaag ka stolz op séng Jonge ka sinn. A well se schon zu Miersch waren, hunn d'Jongen den Owend all zesummen an engem bekannten Nuetslokal ausklénge gelooss.