SENIORS 2: Out an der Coupe


12 September 2017

Jeunesse Canach II - FC Berdenia Berbourg II 6-2

/

Wieder: Reen 12°C

Terrain: Terrain Rue de Lenningen (Synth.)

Freideg, 08.09.2017 um 20h00

Zuschauer: +- 40

Arbitter: Loetsch Hans



Evolutioun vum score: 1-0 2-0 3-0 Hz 3-1 4-1 4-2 5-2 6-2

Goaler: Charel Kremer, Mohammad Alizadeh

Giel Kaart: Yves Dahm, Jérôme Oswald

Roud Kaart: /



Fazit:

Eng schwéier Partie huet éis rëm erwaard zu Canach, Vizemeeschter an der éischter Divisioun vum leschten Joer.



Mir verschenken 2 Goaler iert mir iwwerhaapt an de Match komm sinn waat géint sou qualitativ héichwaerteg Géigner déidlech ass.



Kee Spillzoch, keng Iddi, kee Geistesblitz konnt éis am Match haalen an et war einfach een Match wou's du 90 Minutten kämpfen a laafen muss... Mee och daat war nët um Menü... Fréih huet den Bartosz Bagienski d'Spillfeld missen verloossen wéinst enger Veretzung, sou daat mir eng Réih Emstellungen hu missen virhuelen. De Charel Kremer kënnt mam Kapp zu sengem éischte Goal am Seniorsberäich no Viraarbescht vum Jérôme Oswald op Fräistouss. A rëm op Viraarbescht vum Jérôme Oswald forcéiert de "Momo" de Géigner zum Selbstgoal a verdéngt sech domadder dee Goal.



Leider war d'Iweerléenheet vum Géigner ze flagrant fir sech méi ze erwaarden.



Lo heescht et sech rëm voll op d'Championnat ze konzentréieren a géint Uespelt déi 3 Punkten ze huelen.



“Mir sin Berbuerg"



Besonnesch Viirkommnis: Éischt Goaler am Seniorsberäich fir de Charel Kremer an de Mohammad Alizadeh.



Équipe: Bob Schrantz, Yves Dahm (c), Bartosz Bagienski, Max Schrantz , Daniel Benner, Paulo Lopes, Wenzel Schommer, Jaspar Göpel, Jérôme Oswald, Nicolas Oswald, Steven Dos Santos



Reserve: Pit Chennaux (30' agewiesselt fir de Bartosz Bagienski), Mohammad Alizadeh ( 63' agewiesselt fir de Steven Dos Santos), Charel Kremer (67’ agewiesselt fir de Jaspar Göpel)