Seniors 2: Mir sinn Hierschtmeeschter!


01 December 2019

FC Jeunesse Biwer II - FC Berdenia Berbourg II 1-1

Et war DEN Match vum Joer, DEN Derby, DEN Topmatch, a ween e verpasst huet ass selwer Schold. Als Ofschloss vun der Viirronn si mir als Tabellenéischten bei eis Rivalen op Biwer gefuer, déi mat just engem Punkt Réckstand op der zweeter Plaz stinn. Virun enger herrlecher Kuliss mat villen Zuschauer an enger gudder Stemmung war et um rutschegen Terrain och e kampfbetounte Match. Vill richteg gudd a kloer Chancen sinn et allerdéngs net ginn. Déi Orange stoungen hannendran kompakt an hunn näischt zougelooss, allerdéngs hunn déi Biwer eis d'Liewen och schwéier gemaach fir eis Offensivspill opzezéihen. Iwwert de ganze Match gekuckt hat Berbourg secherlech liicht d'Iwwerhand, hat och séng vereenzelt Chancen, et war awer alles ze harmlos fir d'Lokalequipe a Bedrängnis ze bréngen. Ereicht 5 Minutt virum Schluss vun der regulärer Spillzäit kënne mir de Score opmaachen a mat 1-0 a Féirung goen. De Manuel Kaufmann schalt sech iwwer riets an d'Offensiv mat an, gëtt de Ball an d'Mëtt wou den Dany Leconte de Ball unhëllt an zum 1-0 fir eis Faarwen eramaachen kann. Op der Tribün war d'Stemmung lo um kachen. Zum "Derbysieger, Derbysieger, hey, hey..." sollt et allerdéngs leider net kommen. Well an der allerleschter Sekonn vum Match (den Arbitter huet 6 (!?) Minutten nospillen gelooss), geléngt der Heeméquipe den 1-1 Ausgläich, duerch e sehenswäerten Fallrückzieher, wierklech schéin, och daat muss een sou unerkennen. Unerkennen muss een och dass mer wuel 3 Punkten verdéngt gehaat hätten, mee dass déi Biwer sech dëst Gläichspill erkämpft hunn. Domat ginn d'Punkte gedeelt sou dass sech an der Tabell näischt ännert a mir als Hierschtmeeschter an d'Wanterpaus ginn. Bravo un d'zweet Equipe fir dës super Leeschtung. Weider sou am neie Joer! Mir si Berbuerg!