Seniors 2: Mir bleiwen uewen drun


29 October 2019

FC Lorentzweiler II - FC Berdenia Berbourg II 0-1

An engem ganz intensive Match huet Lorentzweiler besser ugafaang an huet eis enner Drock gesat ouni awer nennenswert Goalchancen ze hunn. Berbourg huet missen iwwer Konter zum Goaloofschloss kommen an esou war et an der 10 Minutt e Konter iwwert eis rechts Säit wou eng Flank op den 2. Potto koum. Do stung de Samuel Stein ganz alleng a konnt zum 0-1 fir Berbourg eransetzen. Lo war och Berbourg am Match an et ass hinn an hier gaang mat wéineg geféierlechen Aktiounen op deenen 2 Säiten. An der 43. kritt Lorentzweiler nach een 11-meter zougesprach, deen eise Keeper Joe Reuter awer konnt pareieren esou dass et mat 0-1 an d'Paus gaangen ass.

An der 2. Haltchent ass et esou weider gaang. An engem weiderhinn intensive Match war et e permanenten Hinn an Hier. Berbourg hat nach 2 gutt Goalchancen zweschend der 70. an 80. Minutt. D'Jongen konnten de Sak awer net zoumachen esou dass d'Lokaléquipe an den leschten 10 Minutten nach alles probeiert huet fir zum Ausglaich ze kommen. Zu eiser Erllichterung sollten si awer keen Goal mei schéissen. Dank enger gudder Teamleeschtung wou jiddereen alles ginn huet konnte mir eis sou déi 3 Punkten secheren a mat Heem ob Berbourg huelen. Domat bleiwe mir uewen drun a stinn lo op Plaz 2 an der Tabell mat engem Punkt Réckstand op den aktuellen Tabelleleader Biwer. Mir si Berbuerg!

Wéinst dem Feierdag ass dëse Freideg kee Match. Den nächste Match vun eiser zweeter Equipe ass en Densdeg 5. November um 20h00 doheem géint Union Remich-Bous.