SENIORS 2: Lucky Punch zu Ehlerange


05 April 2018

FC Ehlerange II - FC Berdenia Berbourg II 0-1
-
Nom Erfolleg am Derby, konnt d'zweet Equipe sech och am Nohuelmatch zu Ehlerange 3 weider wichteg Punkte secheren, och wann et op engem "Gromperestéck" fir béid Equipen net einfach war fir proppere Fussball ze spillen.

An der 7. Minutt huet Berbourg déi éischte Chance. Dem Yannick Freitas säi Schoss geet nëmme knapp iwwert d'Laat. D'Äntwert vum Géigner huet net laang op sech waarde gelooss a verfehlt de Goal och nëmmen ëm e puer Zentimeter. Déi zwou Equipen neutraliséieren sech gréisstendeels am Mëttelfeld, opwuel Ehlerange technesch iwwerleen a wuel gewinnt ass op dësem Terrain ze spillen. Kuerz virun der Halschent dann nach zwou gudd Chancen vum Mohammad Alizadeh (no enger schéiner Kombinatioun vum Pit Wagner a Jaspar Göpel) a Jacques Scholtes. Et geet awer mam 0-0 an d'Paus. 

No 50 Minutten kann de Sam Faber sech eng éischte Kéier richteg beweisen wéi hien no engem Fehler am Mëttelfeld de Ball vum géigneresche Stiermer gutt paréiert. An der 58. Minutt geet e Schoss vun Ehlerange un d'Laat. Fräistouss dann fir Berbourg an der 70. Minutt. Deen an der Paus agewiesselten Alex Thill hëllt sech der Saach un a léisst dem Keeper mat engem super Schoss keng Chance. 0-1 fir Berbourg. Ehlerange dréckt lo, a Berbourg mecht hannen zou. Mat allem waat se hunn, wieren de Keeper a séng defensiv Reihen ee Ball nom aaneren of, sou dass de Score schlussendlech iwwert d'Zäit gerett gëtt. 

Kee schéine Match vu Berbuerger Säit, mee d'Equipe huet bis zum Schluss gekämpft a sech déi dräi Punkten erschafft. Bravo, och déi Punkten zielen! Nächsten Dënsdeg kënnt dann d'Jeunesse vum Esch op Berbuerg op Besuch. 

Equipe: Sam Faber, Pol Petry, Ben Ruppert, Serge Hoscheid, Jacuqes Scholtes, Max Schrantz (55. Pit Chennaux), Jaspar Göpel, Pit Wagner (45. Alex Thill), Mohammad Alizadeh, Yannick Freitas, Yves Dahm