Seniors 2: Kloer Victoire mat Startschwieregkeeten


21 November 2018

Blo-Wäiss Itzig II - FC Berdenia Berbourg II 0-6

 De Match war nach net richteg um gaang wéi den David Schuster iwwer dei riets Band durchgaang an de Ball fest virun de Goal geschoss huet wou de Jérôme Oswald an der 2. Minutt zum 0-1 erageesat huet. Do mengt een jo daat misst der Equipe Secherheet ginn, mee mir sinn enges Besseren beléiert ginn. Ab elo huet Itzig de Match dominéiert a konnt sech eng Rei gutt Chancen erausspillen ouni awer eng 100% ze hunn. Daat huet awer och dorunner geleen dass mir ganz vill Fehler an eisem Passspill haten a mir ni sou richteg an de Match fonnt hunn. Du ass an der 32. Minutt ganz onerwaard den 0:2 gefall, nodeems den erem den David Schuster duerchgaang ass, de Keeper ausgespillt huet an op de Goal geschoss huet wou de Verteidiger nemmen nach konnt an den eegene Goal déviéieren. An awer huet daat net derzou bäigedroen dass déi Orange sollten an de Match kommen. Bis d'Paus haten dei Itziger nach zwou 100%eger dei si awer net konnten erasetzen. Paus 0:2 Berbourg.

No der Paus hu mir eise System vun 4-4-2 ob 4-2-3-1 emgstallt an dat sollt genau daat richteg Rezept sinn. Och direkt an der 49. Minutt, wou allt erem den David Schuster iwwer lénks durchgaang ass an den Yves Dahm nemmen huet missen de Fouss dohinner halen fir op 0:3 ze erhéijen. Ab do hu mir déi Itzeger emmer erem durch Kontern enner Drock gesat. An der 56. Minutt kruten mir e Penalty no engem Foul um David Schuster, deen de Manu Kaufmann secher zum 0:4 verwandelt huet. An der 62. Minutt huet den David Schuster seng Leschung mat engem schéine Goal an d'Kräiz gekréint. Duerno hate mir nach eng Rei Chancen: 2x Lat an 2x Potto. An der 86. kruten mir nach een Handeelefmeter gepaff deen den Eric Frondizi souverän zum Endstand vun 0:6 eragesat huet.

Trotz enger schwaacher 1. Halschent hu mir opgrond vun enger gudder zweeter Halschent an enger perséinlech gudder Leeschtung vum David Schuster um Enn dach verdéngt gewonnen.