Seniors 2: Keng Chance géint den Tabelleleader


11 April 2019

FC Blo-Wäiss Medernach II - FC Berdenia Berbourg II 3-0

 Miedernach huet gutt ugefaangen an de Match vun Ufank un dominéiert. Si hu sech an der Berbuerger Halschent festgesat an hunn permanent op eise Goal gespillt, allerdéngs ass Ufanks keng richteg grouss Chance derbäi rausgesprongen. An der 20. Minutt hat Berbuerg suguer d'Méiglechkeet fir op Konter hinn a Féirung ze goen, mee dem Yves Dahm säin Lob huet de Goal knapp verfehlt. An der 42. Minutt fällt dann awer den 1-0 fir d'Haushären. Och an der zweeter Halschent ass et sou weider gaangen a Miedernach huet weider op eise Goal gespillt. An der 49. Minutt fällt den 2-0, dëst no engem Wäitschoss deen iwwert eise Keeper gaangen an am Netz geland ass. An der 55. Minutt ass dunn och nach direkt den 3-0 gefall, waat och gläichzäiteg den Endstand war. Deemno huet Miedernach dëse Match héich verdéngt gewonnen. E Freideg den Owend um 20h00 geet et am Stade Renert weider géint Syra Mensdorf II.