Seniors 2: Kee gudde Match


05 November 2018

FC Syra Mensdorf II - FC Berdenia Berbourg II 2-1

 Berbourg ass ganz schwéier an de Match komm an huet déi 1. Halschent nie an de Match fonnt. Et war op 2 Säiten net eng Goalchance an den éischte 45 Minutten, woumat et folgerichteg och 0-0 an der Halbzeit stoung.

An der 2. Halschent huet Berbourg besser an de Match fonnt awer ouni gréisser Goalchance. Dunn huet Mënster den 1-0 an der 67. min. markéiert. Mir hun weider no viir gespillt a konnten op e Fräistouss hinn an der 72. min. duerch de Fynn Falkenau den 1-1 markéieren. An der Schlussphase ass et hin an hier gaangen a Menster konnt kuerz viru Schluss den 2-1 op Korner markéieren. Berbourg hat nach een 100%egen do leien deen de Fynn Falkenau awer net laanscht de Keeper kritt huet. Sou dass mer leider ouni Punkten rem heem gefuer sinn.