Seniors 2: Kantersieg fir den Optakt


02 September 2019

FC Berdenia Berbourg II - U.S. Sandweiler II 11-1
 
 Berbourg ass direkt am Match, geet  Sandweiler fréih stéieren a léisst sie net spillen. No knapp 2 Minutten ass et dann och schonn den 1-0 duerch de Ren Anda. Berbourg ass drun bliewen an Sandweiler war an alle Belaangen ennerleen. Berbourg huet du no 5 Minutten och den 2-0 duerch den Daniel Benner markeiert. An der 12. Minutt fällt den 3-0 duerch den Ren Anda. 28. Minutt, 4-0 fir den FCBB vum Amadu Cande a 5-0 vum Pit Speltz an der 35. Minutt. Dei lescht 10 Minutten virun der Halbzeit huet dunn och Sandweiler no viir gespillt an hätt och kennen markéieren, de Potto stoung hinnen awer am Wee. Sou ass et mat 5-0 an d'Paus gaang. Duerno ass Berbourg rem direkt do an den Daniel Benner mecht de 6-0 an der 46. Minutt. An sou ass et weider gaang. 59. Minutt 7-0 duerch de Serge Guth per direkte Fräistouss vun der lénkser Säit. Den Amadu Candé mecht den 8-0 an der 67. Minutt. Dun krutt Sandweiler een 11m zougesprach an der 72. min. woubei nemmen den Arbitter weess virwat deen gepaff ginn ass. Sandweiler verwandelt de Penalty a kennt soumat zu sengem Éiregoal. Dat war och glaichzeiteg dei eenzeg Chance dei Sandweiler an der 2. Halschent hat. Duerno sinn awer nach 3 Goaler fir eis Faarwen gefall : 9-1 Amadu Cande (80. Minutt), 10-1 Ren Anda (82. Minutt), 11-1 Amadu Cande (84. Minutt). Daat war och de Schlusspunkt vum Match. Héich verdéngte Victoire also fir eis zweet Equipe.