Seniors 2: Glécklech a wichteg Victoire


20 October 2018

FC Berdenia Berbourg II - FC Medernach II 4-3

 Berbourg ass gutt an de Match komm a konnt direkt no 3 Minutten mat der eischter Chance den 1-0 duerch den Stein Samuel markeieren. Medernach war nach net am Match esou dass mir weider no viir gespillt hunn an Drock maachen konnten. Op Fehler vum Goalkipp konnt de Leandro Lopes him de Ball ofhuelen an den Yves Dahm huet nemmen nach missen zum 2-0 an der 17. Minutt eramachen. Du koum d'Reaktioun vun Medernach, si sinn emmer besser an de Match komm a konnen eis enner Drock setzen. Eng spilleresch stark Equipe vun Medernach huet och du op Konter an der 35 min. den 2-1 markeieren an esou as et och an d'Paus gaang. 

 
No der Paus huet Medernach do weider gemach wou si opgehal an huet an weider no viir gespillt an emmer mei Drock gemaach esou das Berbourg net mei hannen eraus komm ass an och verdengt an der 55. Minutt 2-2 an an der 60. Minutt mat 2-3 a Feierung gaang ass. Elo huet een missen faerten dat dei Medernach eis geiffen iwwerrennen. Mir konnten awer mat Gleck dei Phase ouni weidere Goal iwwerstoen. Duerch e Wiessel an eng taktesch  Emstellung hu mir erem Fussball gespillt a konnten eis vum Drock befreien an de Match rem ausgeglach gestallten. Op een Standard konnten mir den 3-3 duerch de Chris Sauber an der 75 min. markeieren. Medernach huet weider no viir gespillt an haat an der Schlussphase nach eng Reih vu Chancen wou mir vill Gléck haten. Gléck hate mer dann och nach an der 90. Minutt wei e scheine Konter iwwer den Manu - Chris - Yves de den Ball an d'Mett kënnt an den Alex Thill den 4-3 markeiert, an esou glecklech dei 3 Punkten zu Berbourg behalen. Respekt un d'Equipe dei sech net nom 2-3 hänken gelooss huet a u sech gegleeft huet.