SENIORS 2: Gläichspill fir den Optakt


08 September 2020

SC Bettembourg II - FC Berdenia Berbourg II 1-1

Och bei de Reserven ass d'Championnat rëm ugaangen. Eis Jongen hu sech leschte Weekend op Beetebuerg déplacéiert wou si net iwwert e Gläichspill sollten erauskommen.

An den éischten 20 Minutten ass de Match hin an hier gaangen ouni dass sech eng vu béiden Equippen hätt këinten eng Goalchance erausspillen. An der 23. Minutt gouf de Max Schrantz an d'Gaass gespillt, dee konnt seng Schnellegkeet ausspillen an ass alleng op de Goal gaangen. De Beetebuerger Keeper bréngt hien am 16er zu Fall, den Arbitter entscheed allerdéngs op Fräistouss virum 16er a léisst de Keeper och ongestrooft dervu kommen. An der 38. Minutt fiert Beetebuerg e Konter deen och zum 1-0 Halbzeitstand gefouert huet.

Direkt no der Paus hat Beetebuerg eng gutt Geleegenheet fir op 2-0 ze erhéijen, mee de Ball ass nëmmen knapp iwwert de Goal gaangen. Ab elo huet nëmmen nach Berbuerg gespillt a mir haten eng Goalchance no der aanerer. Trotzdeem konnte mer eng Reih 100%eger net eramaachen. Suguer en 11m an der 67. Minutt kritt de Manuel Kaufmann net am Goal ënnerbruecht. De Match ass nëmmen an eng Richtung gelaf a mir hunn alles probéiert an trotzdeem gefaart dass mir kee géifen erakréien. Bis déi 91. Minutt, wéi de Kader Touré sech am géigneresche 16er duerchsetze an zum erléisenden 1-1 ausgläiche kann. Direkt duerno hate mer nach eng kleng Schrecksekonn, wéi e géigneresche Fräistouss aus gudder Positioun in extremis vum Bob Schrantz mat enger schéiner Parad aus dem Wénkel gefëscht ginn ass.

Och wann hei sécherlech méi dra gewiescht wier, sou huele mir eisen éischte Punkt an der 2. Klass Reserven.

Mir si Berbuerg!