SENIORS 2: Gläichspill fir de Réckronnenoptakt 


07 March 2018

FC Red Boys Aspelt II - FC Berdenia Berbourg II 4-4

De Start vun eiser zweeter Equipe an d'Réckronn geet beim Tabelleläschten mam skurillen Resultat vun 4-4 op en Enn. 5 Minutten viru Schluss war Berbourg suguer nach mat 4-3 a Féierung, konnt déi dräi Punkten awer net iwwert d'Zäit retten. 

An der Ufanksphase hat d'Equipe vum neien Coach Steve Lacroix liicht d'Iwwerhand, mee déi éischt Chance ass awer op de Kont vun den Haushären vun Aspelt gaangen. De Wäitschoss gëtt vum Bob Schrantz ofgewiert. 
No 21 Minutten kritt déi Berbuerger Ofwier de Bal no engem Corner net dégagéiert sou dass Aspelt kann vun der Geleegenheet profitéieren an zum 1-0 markéieren. 
Ronn 10 Minutten méi spéit, ka Berbourg am Mëttelfeld de Ball récupéréieren, den Yves Dahm schéckt de Chris Sauber op de Goal. 1-1 
An der 32. Minutt féiert e vermeidbare Fehler am Berbourger Strofraum zum Penalty an zum 2-1 fir Aspelt. 
Kuerz virun der Halschent geet den Yves Dahm iwwert déi riets Säit, leet de Ball an d'Mëtt op de Jaspar Göpel deen de Ball nëmmen brauch iwwer d'Linn ze drécken. Domat geet et mat 2-2 an d'Paus. 

An der 55. Minutt bleift dem Mohammad Alizadeh säi Schoss um Potto hänken. 
5 Minutten drop, gëtt et op der aanerer Säit e Fräistouss fir Aspelt. Dee kënnt zentral virun de Goal, wou de géigneresche Stiermer alleng steet a mam Kapp op 3-2 erhéiche kann. 
Duerno ginn et rëm e puer gutt Chancen fir Berbourg. Sou wéi och an der 72. Minutt, wou den Nicolas Oswald de Ball op den Yves Dahm leet, an deen de Goal zum 3-3 mecht. 
Och an der 80. Minutt kennt d'Pass rëm vum Nicolas Oswald, dës Kéier op de Jaspar Göpel, dien mat séngem zweete Goal de Score dréiht a Berbourg mat 3-4 a Féierung bréngt. 

Spillentscheedend Szene dann an der 85. Minutt: En Uespelter Spiller läit um Buedem. Berbourg spillt Fair-Play a gëtt de Ball zréck, Aspelt profiétiert awer vum Ball, mécht d'Spill an deem Moment séier bis an d'Spëtzt, wou de Stiermer alleng op de Goal geet an zum 4-4 erasetzen kann. 
Nom Out vun zwee blesséierte Spiller, spillt Aspelt zum Schluss nëmmen nach zu 9. Berbourg versicht nach ze drécken, mee den Yves Dahm kann nëmmen de Potto treffen, sou dass et beim 4-4 Endresultat bleift. 

Berbourg fiert also mat engem Punkt a vill Regret'en erëm heem, géint e Géigner deen u sech nëmmen op Standardsituatiounen geféierlech war an zum Schluss och nach 2 Spiller manner um Terrain hat. Aus de Fehler gëllt et lo ze léieren, a fir déi nächst Matcher eng Schëpp drop ze leen, well all Punkt ass wichteg fir aus dem Tabellekeller erauszekommen. 

Equipe: Bob Schrantz, Pit Chennaux (26. Jo Pitzen), Yves Dahm, Eric Frondizi (71. Max Schrantz), Serge Hoscheid, Mohammad Alizadeh (66. Charel Kremer), Yanick Freitas, Nicolas Oswald, Chris Sauber, Jaspar Göpel, Ben Ruppert 

Reserve: Jo Pitzen, Charel Kremer, Max Schrantz