Seniors 2: Gläichspill am Derby


07 May 2019

CS Grevenmacher II - FC Berdenia Berbourg II 1-1

 De Match ass ugaang wei esou oft an deser Saison. Direkt no 2 Minutten hu mir op e Corner hinn den 1-0 kasséiert, leider e Klassiker des Saison. Och duerno ass Berbourg an der 1. Halschend nie an de Match komm an dei Maacher waren déi besser Equipe, allerdengs ouni weider Goalchancen. Berbourg hat eng ganz gutt Geleegenheet duerch de Chris Sauber, deen de Ball awer net laanscht de Maacher Keeper an de Goal krut. Domatt ass et mat 1-0 fir Maacher an d'Paus gaang.

An der 2. Halschent dunn awer e ganz aanert Bild um Terrain. Berbourg ass e gutt Stéck méi aggressiv an d'Zweekämpf gaang a krut esou de Match an déi eegen Hand. Als logesch Konsequenz hu mer an der 65. Minutt den 1-1 Ausgläich duerch de Pashtrik Jusufi markéiert. Och duerno war Berbuerg kloer besser an hätt suguer kéinten, wann net missen, desen Derby fir sech entscheeden mee de Ball huet de Wee an de Goal leider net méi fonnt. Um Enn kann den CSG mat nëmmen engem eenzege Goalschoss am ganze Match ee Punkt fir sech op Flohr halen.