Seniors 2: Féierung verspillt


05 December 2018

FC Berdenia Berbourg II - FC Munsbach II 2-2 

 De Match ass gutt fir Berbuerg ugaang a mir konnten direkt an der 4. Minutt duerch de Leandro Lopes mat 1-0 a Féierung goen. Et war awer e schwaache Match op deenen zwou Säiten wou et vill Feelpassen gi sinn an haaptsächlech laang Bäll gespillt goufen. Bis zur Halbzeit ass et nach déi eng oder aaner Goalchance fir béid Equippe ginn, mee Berbourg konnt déi knapp Féirung mat an d'Paus huelen. 

Trotz verännerter Opstellung war och déi zweet Halschent keng Besserung a Siicht. An der 60. Minutt hu mir en 11m zougesprach kritt, deen de Manuel Kaufmann notzt fir op 2-0 ze erhéijen. Op dëser Plaz muss een dann awer och dem Tabelleleschten vu Munsbach all Respekt ausschwätzen, well si ni opginn hunn a soumat och an der 73. Minutt op 2-1 verkierze konnten an an der 86. Minutt duerch e schéine Kappball op Fräistouss hinn suguer nach den 2-2 Ausgläich gemaach hunn. 

Domat hällt d'Fussballsjoer mat 1 Punkt anstatt mat 3 Punkten op. Trotzdeem steet eis zweet Equipe ganz ordentlech mat 18 Punkten op der 5. Plaz, punktgläich mam CS Grevenmacher an dem FC Syra Mensdorf.