SENIORS 2: Eischten 3er an der 2. Klass


15 September 2020

FC Berdenia Berbourg II - CS Sanem II 6-1

Berbourg huet vun Ufank un de Géigner mat Pressing net an d'Spill kommen gelooss an huet sou de Ball ëmmer rëm seier zereck gewonnen. De Simon Saro konnt doduerch och schon direkt an der 8. an 11. Minutt op 2-0 stellen. Déi Suessemer sinn awer emmer op Konter geféierlch bliwwen a konnten an der 19 Minutt op 2-1 verkierzen. Berbourg ass awer weider héich presse gaang a konnt an der 27. a 37 Minutt duerch den Yves Dahm d'Resultat op 4-1 eropsetzen.

No der Paus ass Berbourg dei éischt Véirelsstonn net gutt an de Match komm an huet dem Géigner zevill Plaz gelooss. Déi Suessemer konnt eng Reih gutt Chancen awer net verwäerten, sou dass an der 61. Minutt définitiv d'Entscheedung gefall ass wéi den Alex Thill de 5-1 markéiert. Den Max Schrantz konnt 2 Minutte viru Schluss nach e Goal maachen an domat d'Schlussresultat op 6-1 eropsetzen.

Deemno e gelongene Weekend fir eis Seniorséquippen déi jeweils hier éischt 3 Punkten als Opsteiger feiere kënnen.

Mir si Berbuerg!