Seniors 2: éischt Néierlag vun der Saison


23 October 2019

Syra Mensdorf II - FC Berdenia Berbourg II 2-1

Berbourg huet de Match direkt vun Ufank u kontrolléiert a gutt no viir gespillt. Sou sinn och eng Reih Chancen entstanen, woubäi awer déi néideg Konzentratioun virum Goal gefehlt huet. An der 30. Minutt huet de Suvad Spahic vun engem Fehler vum Menster Keeper profitéiert an zum 0-1 eragesat. Dunn koum déi 40. Minutt déi de Match sollt komplett op de Kapp stellen. Eise Spiller Yannick Freitas huet sech zu enger Tätlechkeet hiräisse gelooss an ass mat enger berechtegter rouder Kaart vum Terrain gesat ginn. Bis zu dësem Moment hate mir de Match komplett ënner Kontroll a Menster hat just eng eenzeg Goalchance. Den 0-1 retten mer awer nach an d'Paus.

Déi zweet Halschent profitéiert de Géigner vun der Iwwerzuel a mecht direkt Drock op eise Goal ouni awer kloer Chancen ze kréeieren. Berbourg huet probéiert d'Këscht propper zehaalen an ass nëmmen geleegentlech zu Kontere komm. An der 80. Minutt kënnt et duerch eng eigentlech mëssgléckte Flank zu engem laange Ball deen am Wénkel vun eisem Goal ageschloen ass an dem Géigner den 1-1 Ausgläich bruecht huet. An der Schlussphase hunn déi Orange alles probéiert fir dëse Punkt nach mat Heem ze huelen. Allerdéngs hu mir an der 92. Minutt no engem Korner net gutt verteidegt sou dass de Ball dem Stiermer op 7 Meter vum Goal virun de Fouss gefall ass an den 2-1 fir d'Lokaléquipp markéieren kann.

Eng batter Néierlag fir d'Jongen vum Trainer Pol Crelo, déi alles ginn hunn, schlussendlech awer net belount gi sinn. Domat musse mer leider den éischte Punktverloscht fir dës Saison a Kaf huelen.

De nächste Match ass e Freideg 25/10 um 20h00 beim FC Loentzweiler, wou mer weise kënnen dass mer ët besser kënnen.

Mir si Berbuerg!