Seniors 2: dräi weider Punkten


10 October 2018

FC Berdenia Berbourg II - Union Remich/Bous II 2-1

D'Jongen si gutt an den Match erakomm an hun den Geigner direkt ënner Drock gesat an et konnten eng Reih vu Chancen erausgespillt ginn. Dobei haten mir net manner wéi 4 100%eger an den éischten 20 Minutten. Dunn ass awer den 1-0 fir eis an der 26 Min. gefall durch den Leandro Lopes an den David Schuster konnt an der 34. Min. suguer op 2-0 erhéigen, woumat et dann och an d'Paus gaangen ass.

No den Paus huet de Geigner ëmgestallt an et sollt een méi ausgeglachent Spill ginn. Remich/Bous ass awer ëmmer besser an d'Spill komm. Berbourg hat eng Reih vun gudden Konterchancen, konnt awer keng notzen esou dass de Géigner nach ëmmer am Spill war. An esou as et och du komm an Réimech konnt an der 76. min. op 2-1 verkierzen. An der Schlussphase ass den Match nach méi hektesch gin an déi 2 Mannschaften haten nach déi eng oder aner Geleenheet awer et sollt keen Goal méi falen. Esou huet Berbourg um Enn mat Gléck awer net onverdengt gewonnen opgronnt vun der gudder 1. Halschent.