Seniors 2: Dräi Punkten fir den Optakt


28 August 2017

FC Berdenia Berbourg II - US Sandweiler II 2-1



Wieder: Reen 17°C

Terrain: Gras, Stade Renert

Zuschauer: +- 40

Arbitter: Schmit John

Evolutioun vum score: 1-0 2-0 Hz 2-1



Goaler: Steven Dos Santos, Jérôme Oswald

Giel Kaart: Yves Dahm, Steven Dos Santos

Giel/Roud Kaart: Paulo Lopes

Roud Kaart: /



Fazit: “Mir sinn Berbuerg"



No enger gudder Viirbereedung mat intensiven Trainingseenheeten waren d'Weichen gesaat fir dës Saison an Ungrëff ze huelen. Bemängelen mussen mir natierlech déi Villzuel u Verletzter a Vacancier'en, mee daat ass am Seniorsberäich och nët aanescht ueschter d'Land.



E Saisonoptakt mat enger Victoire iwwert een gudden Géigner vun Sandweiler. Mir hunn vun Unfank un dem Match éise Stempel opgedrëckt. Méi Ballbesëtz, Gewënn vun den 1. an 2. Bäll an ee variéiert Opbauspill hunn éis kloer Iwwerléenheet an der éischter Hallschent ausgemaach.



Do si mir och zu eiser 2-0 Féierung komm, ouni Iwweraschung. Mir hätten och nach déi eng oder aaner Chance weider verwäerte sollen, waat ons eng méi komfortabel Avance ginn hätt. Mee deemno hu mir de Match aus der Hand ginn, nodeems de Paulo Lopes duerch wierderhuelt meckeren Giel-Roud kritt huet.



Ab deem Moment hunn déi spilleresch verséiert Sandweiler Spiller hiire Part iwwerholl a konnten op 2-1 reduzéieren, ee Goal, deen awer verhënnert hätt kéinte ginn. Et war eng Successioun vun individuelle Fehler déi dozou geféiert hun.



De Bob Schrantz konnt éis mat däer enger an aanerer Parade nach am Match haalen a mir hu missen an der Ënnerzuel laang kämpfen bis daat zwee Sandweiler Spiller wéinst Onsportlechkeeten vum Terrain hu missen roofgoen.



Duerch Kampf a Wëllen hu mir d'Resultat oprecht erhaal a bei munchen Konterchancen vum Mike Carvalho, Steven Dos Santos oder Mohammad Alizadeh huet éis déi néideg "Coolness" virum Goal gefeelt fir den Sak zouzemaachen.



Nodeems de Jérôme Oswald just nach "op der Felg" gelaaf ass (war ugeschloen an de Match gaang), huet de Jo Pitzen beim läschten Undrang vum opbäumelnden Géigner d'Réim zougemaach.



Besonnesch Viirkommnis:

Éischten offiziellen Ansaatz fir éisen Mohammad Alizadeh, deen mat Ansaatz an Wëllen éis Reihen vun den "onbezähmbaren Bieren" vervollstännegt! Momo, bienvenue à la maison!



Mir sinn Berbuerg!!!



Équipe: Bob Schrantz, Serge Hoscheid (c), Ben Ruppert, Max Schrantz, Pit Chennaux, Paulo Lopes, Yves Dahm, Jérôme Oswald, Mike Carvalho, Leandro Lopes, Steven Dos Santos



Reserve: Mohammad Alizadeh (65' agewiesselt fir de Pit Chennaux), Jo Pitzen (80’ agewiesselt fir de Jérôme Oswald)