Seniors 2: Doheem nach ouni Punktverloscht


08 October 2020

FC Berdenia Berbourg II - FC 95 Schifflange II 3-1

Eis Berbuerger Jongen konnten direkt an der 4. Minutt mat 1-0 a Féierung goen duerch de Fortune Katalay. Et war e schnelle Match an et ass andauernd hin an hier gaangen. An der 25. Minutt haat Schifflange eng 100%eg Goalchance awer eise Keeper Bob Schrantz konnt am 1 géint 1 paréieren. An der 31. Minutt konnt Berbourg op 2-0 erhéichen, ërem duerch de Spiller Fortune Katalay. An esou ass et och an d'Paus gaang.

An der zweeter Halschent huet Schifflange alles probeiert fir den Uschlosstreffer ze markéieren an haat och eng Rei gutt Chancen. An hierer Drockphase ass et eis awer gelongen fir an der 69. Minutt e Konter ze fueren an duerch den Yves Dahm op 3-0 ze setzen. Domat war de Match entscheed, mee kuerz no enger giel-rouder Kaart fir den Yves Dahm ass dem Géigner an der 75. Minutt nach den Eiregoal gelongen sou dass mir um Enn verdéngt mat 3-1 gewannen a mat 10 Punkten op enger gudder 4. Plaz an der Tabell stinn.

Um Freideg Owend, den 9. Oktober um 20h00, geet et weider mam Match zu Bieles.

Mir si Berbuerg!