SENIORS 2: Derbysieger zu Consdorf 

SENIORS 2: Derbysieger zu Consdorf 

US Berdorf-Consdorf 01 II - FC Berdenia Berbourg II 0-2
-
Den Derby muss bis déi 15. Minutt waarden fir séng éischt grouss Chance ze gesinn. De Jacques Scholtes éliminiéiert zwee Géigner op der lénkser Säit, leet de Ball an d'Mëtt iwwert den Yves Dahm op de Philipp Galle deem säi Schoss op d'Laat geet. Fir de Rescht vun der éischter Halschent léisst Berbourg hannen näischt zou an huet eng ganz Reih gudder Chancen: 24. Minutt Schoss vum Yves Dahm, 28. Minutt Kappball vum Philipp Galle no engem Korner laanscht de Goal, 30. Minutt schéi Parade vum Keeper no engem Schoss vum Suvad Spahic op Viirlag vum Chris Sauber. 40. Minutt Schoss vum Yves Dahm, mee net platzéiert genuch. Berbourg huet also séng Chancen mee de Ball fënnt de Wee net bis an de Goal.

No der Halschent ännert sech daat awer séier. Nëmmen zwou Minutte si gespillt, wéi de Suvad Spahic mat sénger Schnellegkeet duerch d'Ofwier geet an de Ball op den Yves Dahm leet, deen den 1-0 markéieren kann. An der 58. Minutt rëm e Kappball vum Philipp Galle op Korner hinn, dës Kéier kann de Keeper mat engem gudde Reflex paréieren. Eng Minutt méi spéit verschéisst de Phlipp Galle en Eelefmeter op d'Laat. E weidere Korner dann an der 64. Minutt wou dem Yves Dahm säi Volleyschoss vum Keeper ofgewiert gëtt. Berdorf-Consdorf gëtt vu sengem Keeper am Spill gehaal a kann lo och offensiv Akzenter setzen. Eng geféierlech Aktioun an der 70. geet op de Potto an eng an der 80. bleift och ouni Erfolleg fir de Géigner. An der 82. Minutt dann endlech den erléisenden 2-0 fir Berbourg. No engem Fräistouss vum Suvad Spahic kënnt de Ball iwwert de Philipp Galle op den Yves Dahm deen mat sengem zweete Goal d'Endresultat vun dësem Derby besigelt. Zwar huet Consorf an de Schlussminutten nach e puer geféierlech Aktiounen wou d'Verteidegung an de Sam Faber in extremis agräifen mussen, mee alles an allem bleift et beim schéinen a verdéngten Derbyerfolleg fir Berbourg, sou dass een sech rëm e bësse Loft an der Tabell konnt verschaafen. Niewt dem gudde Match vum Yves Dahm mat 2 perséinleche Goaler, bleift och d'Leeschtung vum géigneresche Keeper erauszehiewen ouni déi de Score wahrscheinlech méi héich ausgefall wier.

Equipe: Sam Faber, Ben Ruppert, Pol Petry, Serge Hoscheid, Jacques Scholtes (60. Pit Chennaux), Max Schrantz, Suvad Spahic, Chris Sauber, Mohammad Alizadeh, Philipp Galle, Yves Dahm