Seniors 2: Derbysieger och bei de Reserven

Seniors 2: Derbysieger och bei de Reserven

US Berdorf-Consdorf 01 - FC Berdenia Berbourg 1-2

Et war de Weekend vun den Derbien. Schonn e Freideg huet eis zweet Equipe sech zu Berdorf géint USBC01 dräi Punkten erkämpft. Vun Ufanks un war et en kampfbetounte Match, wou Berbuerg de bessere Start haat an dem Match direkt säi Stempel opgedréckt huet. Déi Orange haten eng Reih Chancen fir a Féirung ze goen, konnten awer keng dovunner notzen. Berdorf-Consdorf war haaptsächlech op Konter geféierlech. An der 32. Minutt huet de Pit Speltz vu 16m op de Goal geschoss, huet awer nëmmen de Potto getraff. Den Ofpraller spréngt op dem Keeper säi Fouss a vun do aus an de Goal. Mat dëser 0-1 Féirung fir eis Faarwen ass et och an d'Paus gaangen.

Nom Téi ass de Géigner méi drockvoll aus der Kabinn komm a kann an der 49. Minutt och direkt zum 1-1 ausgläichen. Hier Freed war awer nëmmen vu kuerzer Dauer, well nëmmen 2 Minutten drop kann den Yves Dahm den aalen Ofstand rëm hierstellen. 1-2 fir Berbuerg! D'Haushären hu sech dovun awer net beandrocken gelooss an eis Equipe weider ënner Drock gesat. Déi Orange hu probéiert iwwer Konter d'Entscheedung sichen ze goen, waat awer net gelongen ass, well mer kee Spillzuch propper zu Enn gespillt hunn. An de leschten 20 Minutten war de Berbuerger Goal ënner Dauerbeschoss. USBC hat net manner wéi 6 aussiichtsräich Geleegenheeten fir e Goal ze maachen, mee och hinnen sollt dëst net méi geléngen. Domat hu mir den 1-2 iwwer déi 90 Minutten gerett an e bësse glécklech déi 3 Punkten mat Heem geholl. Ouni Punktverloscht sti mir lo mat 12 Punkten weider un der Tabellespëtzt.

A well et sou schéin ass, steet e Freideg schonn direkt den nächsten Derby doheem géint Grevenmacher um Programm, mat der Devise fir der éischter Equipe et no zemaachen. Zur Erënnerung: eis éischt Equipe huet e Sonndeg den Derby mat 4-2 géint den Tabelleleader vu Grevenmacher gewonn . Mir si Berbuerg!