Seniors 2: Derbysieger géint Maacher


28 November 2018

FC Berdenia Berbourg II - CS Grevenmacher II 3-1
 
 Am Derby géint den CS Grevenmacher gewënnt eis Equipe mat 3:1. Eng defensiv agestallten Berbourger Equipe déi wollt iwwer Konter zum Erfolleg kommen sollt als Strategie voll a ganz opgoen. Schon an der 5. Minutt ass den David Schuster iwwer riets duerchgaang a konnt zum 1-0 markéieren. Déi Maacher si weider ugerannt, mee eis Verteidegung huet dicht gemaach sou dass de Géigner net allzevill Geleegenheeten ze gutt hat. An erem op Konter konnt an der 20. Minutt den David Schuster den 2-0 fir eis Faarwen noleen. An esou ass et och an d'Paus gaang.

An der 2. Halschent ass den Drock vu Maacher ëmmer méi grouss ginn esou dass si an der 53. Minutt den 2-1 Uschlosstreffer geland hunn. Dat war allerdéngs déi eenzeg Grousschance déi mir an den zweete 45 Minutten zougelooss hunn. An der 76. Minutt fällt dann den 3-1 Entscheedungstreffer duerch eng schéin Kombinatioun an e weidere Goal vum David Schuster.