Seniors 2: Derbysieger géint den CSG


16 October 2019

FC Berdenia Berbourg II - CS Grevenmacher II 5-0
 
No der Victoire géint US Berdorf-Consdorf, huet eis zweet Equipe den zweeten Derby innerhalb vun enger Woch och fir sech entscheed.
 
De Match ass direkt gudd ugaang fir Berbourg, mat 2 groussen Chancen an den éischte 5 Minutten, déi de Suvad Spahic awer nach net konnt ramaachen. Duerno ass den Match awer bessen verflaacht an ereicht no 20 Minutten huet Berbourg rem ugezunn. Sou konnt den Suvad Spahic an der 25 Minutt zum 1-0 markeieren. Lo ass den Ball gerullt a Berbourg konnt an der 30. an 35 Minutt mat engem Doppelschlag vum Dany Leconte a Serge Guth op 3-0 erheigen. Maacher hat dei eng oder anner Kontergeleegenheet, konnt awer keen Goal markeieren esou das et mat 3-0 an d'Paus gang ass. 
 
Direkt no 2 Minutten nom Téi huet den Dany Leconte ob 4-0 erheicht an esou freihzäiteg de Saack zougemach. Berbourg huet net mei gemaach wéi néideg an dobäi dem Geigner nach déi eng oder aaner Chance zougelooss dei eise Keeper Luc Cattazzo awer konnt pareieren. An der 83 Minutt ass iwwert een Konter den 5-0 Endstand durch den Suvad Spahic gefall. Eng weider Kéier heescjt et: Derbysieger, Derbysieger, hey, hey!
 
E Freideg um 20h00 geet et weider mam Duell zu Menster. 
 
Mir si Berbuerg!!!