Seniors 2: Derbysieg als Ofschloss


28 May 2019

FC Berdenia Berbourg II - US Berdorf-Consdorf II 7-2 

De Match ass roueg ugaang a keng vu béiden Equippen konnt sech an den éischten 20 Minutten eng richteg Goalchance erausspillen. Berbuerg ass dunn awer ëmmer besser an de Match komm an hat an der 22. Minutt eng 100%eg Goalchance duerch den Yves Dahm, deen de Ball awer net richteg getraff huet. An der 27. Minutt fällt dann awer den 1-0 fir eis Faarwen. Den David Schuster ass a sengem bekannten Tempo iwwert eis riets Säit duerchgaangen an huet de Ball fest an d'Mëtt geluecht woubäi ee Konsdrefer Verteideger säi Been ët méi zur Zäit weggezunn kritt, an de Ball per Deviatioun an de Goal spréngt. An der 41. Minutt kënne mer op 2-0 erhéichen, duerch e souverän verwandelten www.penalty.lu vum Manu Kaufmann. Nëmmen eng Minutt méi speit kann de Fynn Falkenau d'Resultat fir d'Halbzeit op 3-0 erop setzen. 

Direkt nom Upëff vun der zweeter Halschent huet et nëmmen ganzer 12 Sekonnen gedauert bis mer de 4-0 maachen, ërem duerch de Fynn Falkenau op eng schéin Viiraarbescht vum David Schuster. De 4-1 Uschlosstreffer geléngt dem USBC 01 an der 48. Minutt. Allerdéngs kann de Manuel Kaufmann an der 55. Minutt en Iwwerraschungscoup landen, wéi hien et aus gutt 50 Meter mat engem Wäitschoss probéiert, de Ball iwwert den erstaunten Keeper gaangen an am Goal geland ass. 5-1. Duerno fällt nach de 6-1 an der 73. Minutt duerch de Wenzel Schommer, souwéi an der 78. Minutt de 6-2 fir USBC 01 op www.penalty.lu. De Schlusspunkt kuerz virum Enn ass eng Kopie vum éischte Goal, dës Kéier ass et awer de Wenzel Schommer deen de Ball an d'Mëtt gëtt an dann via de Géigespiller am Goal geland ass. 

E kloren 7-2 am Derby a leschte Championnatsmatch ass e schéinen Ofschloss fir eis zweet Equipe, déi no enger schéiner awer och ustrengender Saison op der 6. Tabellplaz land a lo an hier verdénte Summerpaus geet. Mir si Berbuerg!!!