Seniors 2: Berbuerg hällt den Uschloss


15 March 2019

FC Berdenia Berbourg II - AS Rupensia Larochette II 4-2

 De Match ass direkt gutt fir Berbourg ugaang a mer konnten schon no 29 Sekonnen mat 1-0 an Feierung goen. Déi Orange hunn d'Fiels emmer erem heich ugegraff an esou den Ball seier eremgewonnen. An der 19. Minutt huet de Chris Sauber de Serge Guth schein an d'Gaass gespillt deen doropshinn op 2:0 eransetzen konnt. De Géigner hat awer och seng Chancen woubei mir och e besse Gléck haten dass de Match net scho virdrunn ausgeglach ginn ass. An der 36. Minutt ass dunn awer schonn eng kleng Viirentscheedung gefall wéi de Fynn Falkenau den 3:0 mecht. Allerdéngs huet d'Fiels nemmen 2 Minutten drop op 3:1 verkierzt. An der 41. Minutt huet de Manu Kaufmann sech et net huele gelooss fir per 11m de 4:1 ze markéieren.

An der 2. Halschent huet d'Fiels direkt probeiert nach eng Keier an de Match ze fannen an durch en 11m an der 55. Minutt konnten sie och nach op 4 :2 erukommen. Duerno hate béid Equipen nach déi eng oder aaner Chance, et sollt awer keen Goal mei falen esou dass mir mat 4:2 gewonnen hunn an 3 Punkten matheem geholl hunn.

Den Owend geet et dann weider mam Match zu Reimech/Bous déi am Moment 3. an der Tabell sinn mat nëmmen 3 Punkte Viirsprong op Berbourg. Et geet also em Big Points. Allez Berbuerg!!!