Seniors 2: Berbourg verléiert


04 April 2019

FC Berdenia Berbourg II - Entente Wormer/Ehnen II 0-3

 Déi Wormer Equipe ass direkt mat heigem Tempo an de Match gaang, huet Berbourg direkt ennner Drock gesat an huet eis keng Rou beim Spillopbau gelooss. An der 8. Minutt ass du och schon den 0:1 durch een Wäitschoss vu lenks op de Potto gaang an huet de Wee an de Goal fonnt. Berbourg huet och dun probeiert no vir zespillen an as du an der 16. Minutt an ee Konter gelaf an den 0:2 ass fir Wormer gefall. Et ass weider hin an hier gaang, Berbourg hat och dei eng oder aner Geleegenheet mee konnt awer ke Goal markeieren. An der 35 min. erem op Konter huet Wormer den 0:3 markeiert a esou ass et och an Paus gaang.

Berbourg huet sech awer net hänken gelooss an huet an der 2. Halschent de Macht gemaach an dei Wormer konnten hieren Tempo aus der 1. Halschent net halen. Mir haten eng Rei Chancen fir den Uschlosstreffer ze maachen, mee er sollt awer net klappen. Esou as den Match dach verdengt 0:3 fir Ent.Wormer/Ehnen ausgaang.