SENIORS 2: Batter Néierlag zu Grevenmacher


12 September 2017

CS Grevenmacher - FC Berdenia Berbourg 7-1

/

Wieder: Reen 14°C

Terrain: Stade Flohr 2 (Synth.)

Densdeg, 05.09.2017 um 19h30

Zuschauer: +- 30

Arbitter: Bertemes Raoul



Evolutioun vum score: 1-0 2-0 3-0 Hz 3-1 4-1 5-1 6-1 7-1

Goaler: Steven Dos Santos

Giel Kaart: Max Schrantz, Pit Chennaux, Oswald Jérôme, Leandro Lopes, Steven Dos Santos

Roud Kaart: /



Fazit:

Eng schwéier Partie huet éis erwaard zu Grevenmacher, wou mir net déi néideg spilleresch Qualitéit zu Daag geluecht hunn fir kënne matzehaalen. Individuell Fehler hunn éis fréih a Rëckstand bruecht a mir woren einfach net präsent genuch an den Zweekämpf fir déi Maacher iergendwei a Bedrängnis ze brengen. Obwuel mir déi eng oder aaner Konterchance haaten, si mir nie richteg geféierlech ginn an der éischter Halschent bis op eng Aktioun, déi de Maacher Keeper oofwieren konnt.



No deene schlechte 45 Minutten hu mir wéinstens eng kleng Réaktioun gewisen. Méi Engagement, Laafbereetschaft a Wëllen hun éis dunn och rëm an den Match bruecht. No engem Slalom iwwer 30 Meter konnt de Steven Dos Santos op 3-1 verkierzen. Doropshin hu mir déi Maacher weider a Schach gehaal a waren no um 3-2, mee leider war d'Loft dunn rem raus. No engem Corner fir éis markéiert Maacher op Konter de 4-1 an ab deem Moment war de Saak zou.



Eng Virstellung fir ze vergiessen...



Mir sin Berbuerg!!!



Equipe: Sam Faber, Serge Hoscheid (c), Yves Dahm, Max Schrantz, Pit Chennaux, Mohammad Alizadeh, Wenzel Schommer, Jérôme Oswald, Nicolas Oswald, Leandro Lopes, Steven Dos Santos



Reserve: Yannick Schroeder (45' agewiesselt fir de Serge Hoscheid), Charel Kremer (45’ agewiesselt fir de Mohammad Alizadeh)