SENIORS 2: Auswärts nach keng Punkten


27 September 2017

US Hostert II - Berdenia Berbourg II 2-1



/



Wieder: Kaal 10°C

Terrain: Terrain Carrière (Syntethesch - Rameldange)

Freideg, 22.09.2017 um 20h00

Zuschauer: +- 20

Arbitter: Civovic Tufo



Evolutioun vum score: 0-1 Hz 1-1 2-1



Goaler: Dos Santos Steven

Giel Kaart: Göpel Jaspar, Freitas Yannick, Kremer Charel,

Giel/Roud Kaart: /

Roud Kaart: /



Fazit:

Eng batter Néierlaag kasséiere mir zu Hueschtert. Déi éischt 45 Minutten sinn och komplett op eisen Konto gaangen. Spilleresch hu mir den Toun ugin an hunn eis eng handvoll Goalchancen erausgespillt woubäi mir awer einfach ze "gréng" virum géigneregen Goal waren an de Goalkeeper mat dem néidege Können a mol Chance déi eng oder aaner Goalchance entschärfe konnt.



Verdéngt komme mir och zum 0-1 duerch e Goal vum Steven Dos Santos.



Mee schon an der éischter Halschent huet dee gudden Hueschterter Stuerm, dee meeschtens mat laange Bäll an Szene gesaat gouf, gewisen daat mir keng einfach 2. Halschent géingen kréien.



Mee och do haate mir eng sëllege Goalchancen fir de Score ze erhéijen. Ee Wäitschoss vum Charel Kremer gouf in extremis aus dem Wënkel gefëscht, de Steven Dos Santos haat zwou Méiglegkeeten alleng géint de Keeper... Leider koum et nët dozou an ausgerechnet wou d'Hueschterter Équipe hir geféierlechst Spiller ausgewiesselt huet, hu sie op Konter an zwee laange Bäll de Score gedréiht...



Mir hunn nach op den Ausgläich gedrängt, mee och do huet de géignereche Keeper beim Daniel Benner sengem Wäitschoss an enge sellegen aaneren Méiglegkeeten éis e Strech duerch d'Rechnung gezunn.



Nach ëmmer keen eenzege Punkt auswärts, waat et elo ze vergiessen gëllt an beim nächsten Heemmatch géint Itzig rëm éis Heemstäerkt ënner Beweis ze stellen.



Mir sinn Berbuerg!!!



Équipe: Sam Faber, Leandro Lopes, Chris Sauber, Max Schrantz, Yves Dahm (c), Manu Kaufmann, Jaspar Göpel, Charel Kremer, Nicolas Oswald, Daniel Benner, Steven Dos Santos



Reserve: Yannick Freitas (60’ agewiesselt fir den Nicolas Oswald), Wenzel Schommer (70' agewiesselt fir den Charel Kremer), Mohammad Alizadeh (nët agewiesselt), Pit Chennaux (nët agewiesselt), Serge Hoscheid (nët angewiesselt)