SENIORS 1: Zwee verschenkte Punkten zu Bieles 


12 March 2018

FC The Belval Belvaux - FC Berdenia Berbourg 2-2 
- 
Eis Jongen si ganz aggressiv an de Match gaang an hunn an der Ufanksphase heiche Pressing gespillt! D’Heemeqquipe ass sou gudd wéi guer net aus der eegener Halschent rauskomm. No 4 Minutten haaten mer dann dei éischt grouss Chance, wou den Achmed Boussi iwwer riets duerchgeet an den Daniel Contrino an de Fynn Falkenau de Ball am 5-Meter just verpassen. Just 2 Minutten méi spéit probéiert de Sebastian Ting et mat engem Schoss vun hallef lénks, de Keeper kann am Nofassen de Ball awer festhaalen. D’Heeméquipe kënnt an der 11. Minutt déi éischte Kéier virun de Berbuerger Goal, mee den Joé Reuter kann am 1 géint 1 klären. An der 16. Minutt féiert de Charel Weidert e Fräistouss an der eegener Halschent séier aus an iwwerrascht domat de Géigner. Den Achmed Boussi zéiht alleng op de Goal wou de Keeper den éischte Schoss nach paréiere kann an den zweete Versuch knapp driwwer geet. Den Drock op de Bieleser Goal gëtt net manner, mee de gutt opgeluechte Keeper vu Bieles kann och dei nächst Chancen vu Berbuerg entschärfen (20. Minutt - Daniel Contrino / 21. Minutt - SebastianTing / 22. Minutt - Dany Leconte mat Abseitsgoal). Et kënnt dann wéi et ëmmer kënnt, Bieles kënnt an der 23. Minutt relativ einfach virun eise Goal a geet mat 1-0 a Féirung, kann 2 Minutten méi speit no engem katstrophalen Fehler suguer nach bal op 2-0 erhéichen. Kuerz virun der Halbzeit kann de Joé Reuter sech dann nach eng Kéier beweisen, sou dass et mam 1-0 an d'Paus geet. 
  
Fir dei 2. Halschent ersetzt de Rayane Laouira de Fynn Falkenau fir nach méi an d'Offensiv ze goen. An hien huet och déi éischt Chance an der 53. Minutt, mee de Kappball geet  knapp iwwert d‘Laat. Zwou Minutte méi spéit hätte mer bal vun engem Selbstgoal profitéiert, mee och dëse Ball geet un d’Laat. Duerno kommen 20 Minutten wou et hin an hier geet, ouni awer dass et zu richtege Goalchance kënnt, a mir 2 mol wiesselen - den Ibrahim Diop an den Eric Galetto kommen ran. An der 75. Minutt kann den Achmed Boussi dann endlech de Score égaliséieren wou hien no engem schéinen Zouspill vum Dany Leconte laanscht de Keeper zéiht an de Ball an de Filet setzt. Déi Berbuerger ginn sech lo net mam 1-1 zefridden a gi weider Gas. An der 83. Minutt kënnt eise Stiermer rëm zu engem Kappball, dës Kéier op Flank vum Manuel Kaufmann, mee och dësen geet knapp driwwer. Op Fräistouss vum Sebastian Ting an der 85. Minutt gi mer dann och verdéngt mat 2-1 a Féierung! De Schoss aus gutt 25 Meter vun halleflénks schléit onhaalbar uewen am Kräiz an. Net déi éischte Kéier an dëser Saison kann déi Berbuerger Equipe eng knapp Féierung net bis zum Schluss haalen! An der Nospillzait gett e Wäitschoss onglécklech ofgefälscht an domat geet de Match mat 2-2 op en Enn. 
  
E Mëttwoch geet et doheem géint Monnerech, wou just eng top Leeschtung wäert zielen! 
Kommt eis Jongen ënnerstëtzen! 
  
Equipe: Joé Reuter, Charel Weidert, Manuel Kaufmann, Lopes, Philipp Galle, Daniel Contrino, Sebastian Ting, Dany Leconte, Fynn Falkenau, Achmed Boussi, Pit Wagner 
Reserve: Sam Faber, Chris Sauber, Rayane Laouira, Eric Galetto, Ibrahim Diop