Seniors 1: Zwee Gesiichter bréngen 1 Punkt


17 November 2019

FC Koeppchen Wormeldange - FC Berdenia Berbourg 2-2

Ongewinnt ass eise Sonndesmatch dës Kéier Samschdes Owes um 18h00 zu Wormer um Bierg gespillt ginn. Kaal Temperaturen an e rutschegen Terrain hunn et net einfach gemaach, a sou ass an den Ufanksminutten och net vill zesummegelaaf fir béid Equippen, woubäi Berbourg definitiv guer net an de Match fonnt huet. An der éischter Halschent kréien déi Orange kee Spillfloss dran an hu mat engem Distanzschoss nëmmen eng eenzeg Goalchance. De Géigner mecht awer séng 2 Goaler an den éischte 45 Minutten, an der 38. Minutt per Kappball an an der 45. Minutt op 11-Meter a geet domat verdéngt mat enger 2-0 Féirung an d'Paus.

No der Halschent ass et allerdéngs e ganz aanere Match. Den Trainer Jorge Freitas wäert wuel an der Kabinn déi richteg Wieder an déi néideg taktesch Ajustementer fonnt hunn. Berbuerg ass lo vill besser am Match a Wuermer ass laang net méi sou geféierlech. An der 66. Minutt maache mir dann och den Uschlosstreffer. No engem Fräistouss fir eis geet de Ball an d'Mauer an duerno op déi riets Säit eraus, wou d'Flank an de 16er kënnt an do den Hideyuki Kawamura ganz alléng op 2-1 verkierze kann. An der 84. Minutt gläiche mer dann aus, duerch de Suvad Spahic, an dëst op eng Flank vum Hideyuki Kawamura. An der 92. Minutt hu mer suguer nach d'Riesechance fir de Match ze dréihen. Den Dany Leconte geet an der Mëtt duerch, mee setzt de Ball awer laanscht de Goal.

Ennert dem Strëch e verdéngten Remis wann een déi zwou ënnerschiddlech Halschente kuckt. Mir kënnen domat eis 4. Plaz an der Tabell halen, während Remich/Bous duerch eng Victoire géint den Zweetleschten punktemässeg gläichzéihen kann. Eise nächste Match geet dann och géint Remich/Bous, nächste Sonndeg um 16h00 am Stade Renert.

Mir si Berbuerg!