SENIORS 1: Wichteg 3 Punkten zu Bartréng


30 April 2018

 -
 FC Sporting Bertrange - FC Berdenia Berbourg 3. 

 

An den eischten 10 Minutten ass eruntaaschten vun den 2 Equipen ugesoot ouni nennenswert Goalchancen. Dei eischt Chance vum Match ass dann och direkt dobannen! An der 11.Minute trefft de Sebastian Ting vun halleflenks aus knapp 20 Meter, dest op Foul um Daniel Contrino. D’Heeméquipe schéngt geschockt a Berbourg dréckt weider a gett an der 19ter Minute duerch den 0-2 vum Rayane Laouira belount nodeems desen alleng op de Goal zéiht. An der 28. Minute mellt sech Bartreng rem, dest no engem Fräisstouss vun der lénkser Säit an de 16-Meter, wou de Spiller ongehennert kann erakäppen. No 41 Minuten kann Bartreng souguer de Score égaliseiren, wei dei Berbuerger de Ball net kennen dégageiren, an de Stiermer aus 14 Meter kann via Volley annetzen. Kurz virun der Halbzeit kann Berbuerg dann awer nach an Féierung goen, dest rem duerch en schéine Fräistouss vum Sebastian Ting.

No der Paus kennt Bartreng besser an de Match eran a kann an der 52. Minute den 3-3 markeiren! E laange Ball iwert d’Ofwier, wou de Spiller de Ball schéin mathellt an dem Joe Reuter keng Chance léisst. Berbuerg geet an der 75. Minute rem an Féireung, dest duerch e Flippergoal, wou de Bartrénger Keeper ausserhalb vum 16 Meter de Ball wollt dégageiren awer den Daniel Contrino uschéisst deen gudd nogesaat haat an dorops hin rullt de Ball genau richteg zum 3-4 an de Bartrenger Goal. An der Schlussphase probéiert d’Heemequipe nach den Ausgleich ze markeiren, ouni awer wierklech gefeierlech ze sin!

Och wann Bartréng de ganze Match iwwer physesch ganz aktiv war a Berbourg ëmmer rem erausgefuerdert huet, hun eis Berdenia Boys sech net aus der Rouh brénge gelooss. De Schlusspunkt vum Match setzt den agewiesselten Yves Dahm an der 88. Minute mat sengem éischte Ballkontakt, wou hien no wonnerbarer Viraarbescht vum Eric Galletto op 3-5 erhéicht!

Domat steet d’Endresultat fest a Berbuerg hëllt verdéngt a wichteg 3 Punkten vu Bartréng mat Heem.

 

Equipe: Joé Reuter, Leandro Lopes, Charel Weidert, Philipp Galle, Daniel Benner, Danny Leconte (58. Eric Galetto), Daniel Contrino, Pit Wagner (46. Manuel Kaufmann), Sebastian Ting, Ahmed Boussi (85. Yves Dahm), Rayane Laouira

Reserve: Sam Faber, Eric Galletto, Chris Sauber, Yves Dahm, Manuel Kaufmann