Seniors 1: Waarden op déi éischt Punkten


02 September 2019

FC Berdenia Berbourg - Avenir Beggen 0-2

 Déi éischt Halschent geet insgesamt zimmlech intensiv un, mat gläichen Undeeler fir béid Equippen. Et geet och ausgeglach weider, awer ouni richteg Goalchancen. Wéi aus dem Näischt kennt Beggen awer an 43. Minutt zur 0-1 Féirung mat hierer éischter richteger Chance. Dobäi si mir net richteg hannerauskomm an hunn déi Beggener agelueden och nach vu Berbuerger Fehler ze profitéieren.

Den FC Berdenia kennt awer besser aus der Kabinn, ass lo méi aggressiv an erzwengt sech seng Goalchanchen. Wéi zB de Moritz Habscheid per Fräistouss, deen de Keeper awer aus dem Kräiz fësche kann. An der 70. Minutt hu mier eng rieseg Duebelchance, wei als éischt dem Hideyuki Watanabe säi Schoss op der Linn geklärt gett an dem Moritz Habscheid säin Noschoss op der Lat land. Berbuerg ass lo am Match mat enger Reih Aktiounen no viir, ass awer gläichzäiteg ufälleg fir Beggener Konteren. An der 85. Minutt ginn d’Hoffnungen op e Punkt dann definitiv zerstéiert wei Beggen den 0-2 mecht. No engem Korner kreie mer de Ball net hannen eraus a fällt dem Beggener Stiermer um 5m an der Fouss, deen dann ouni Problemer aus kuerzer Distanz kann annetzen.

Ennert dem Strech kee grotteschlechte Match vun eiser Equipe, allerdengs mat weineg Erfolleg no Viir a leider nach emmer ze ville Fehler no hannen. Soumat musse mir nach emmer op eis éischt Punkte waarden. Allez Berbuerg!!!