Seniors 1: Verdéngte Victoire no Réckstand


15 April 2019

FC Berdenia Berbourg - FC Red Boys Aspelt 3-1
 
 Berbourg kennt u sech gudd an de Match, a misst och schonn no 5 Minutten 1-0, wann net suguer 2-0, viirleien! An der 7. Minutt spillt Aspelt awer e schéinen Ugreff iwwer riets an déi präzis Flank kann de géigneresche Stiermer mam Kapp zum 0-1 rasetzen! Berbuerg bleift awer weiderhinn déi besser Equipe um Terrain a kann no villen Versich den Ausgläich kuerz virun der Paus markéieren, duerch de Moritz Habscheid deen 10m mam Ball geet a sech traut aus 20m ofzezéihen! 
 
Déi 2. Halschent ass wéi déi éischt, Berbourg spillt sech vill Chancen raus, bleift awer ëmmer rëm um ganz staarken Keeper vun Uespelt hänken. Uespelt huet e puer Konterchancen, awer ouni wierklech geféierlech ze sin. Mat den Awiesselungen vum David Schuster a Rayan Rafdy kënnen déi Berbuerger hier Iwwerleenheet verstärken an endlech och ausspillen an an eppes Zielbares emwandelen. An de Schlussminutten dréihe mer de Match duerch Goaler vum Achmed Boussi a Rayan Rafdy a gewannen dann awer verdéngt mat 3-1! 
 
Uespelt huet sech gudd verkaaf, mee Berbuerg huet ennert dem Strech verdéngt gewonn.