Seniors 1: Tabelleplaz 5 geséchert


13 May 2019

AS Luxembourg Porto - FC Berdenia Berbourg 0-1

Um zweetleschte Spilldag geléngt et eiser Equipe duerch eng weider Victoire sech elo définitiv déi 5. Plaz an der Ofschlosstabell ze sécheren.

Géint en éischter harmlose an ëmmer nach abstiegsbedrohte Géigner, fällt de spillentscheedende Goal schon an der  7. Minutt duerch den David Schuster, an dëst no engem laange Ball mam Ausserest vum Ibrahim Diop. Insgesamt war Berbuerg déi éischt Halschent besser am Match an hätt kéinten 3-0 oder suguer 4-0 viir sinn. Kuerz virun der Paus sollt et dann awer e klenge Réckschlag fir eis Equipe ginn wéi de Philipp Galle mat enger giel-rouder Kaart huet misste vum Terrain goen. Déi zweet Halschent hu mer dann mat 10 Mann gekämpft an eise Goal an déi knapp Féierung verteidegt. Et sinn nach just vereenzelt Entlaaschtungsugrëffer vun eiser Säit komm. Um Enn sollt et dann awer duer goen fir déi 3 Punkten mat heem op Berbuerg ze huelen. 

Nächste Sonndeg ass dann de leschte Championnatsmatch géint den Tabellenéischten vu Monnerech deen Sie onbegéngt gewanne mussen wann se wëllen direkt opsteigen. Virdrun geet et fir eis awer nach e Mëttwoch an der Coupe FLF Halleffinall op Weiler, déi momentan zweeten an domat direkte Konkurrent vu Monnerech an der Tabell sinn. Ganz grouss Matcher also nach fir eis Jongen um Enn vun dëser Saison, mam klenge Viirdeel dass mir nëmme gewanne kënnen, an eis Géigner vill ze verléieren hunn! Allez Berbuerg!!!