Seniors 1: Sprong op Plaz 3


09 March 2020

FC Berdenia Berbourg - Union Kayl/Tetange 2-1
 
Virum Match hat eis éischt Equipe eng Spendenaktioun vu Fussballsmaterial fir Kanner am Senegal organiséiert. Liest hei méi dozou
 
No der kuerzer Verzögerung wéinst dëser flotter Aktioun, huet de Match fir déi Orange gutt ugefaangen. E puer offensiv Aktiounen waren derbäi, déi besonneg iwwer den aktiven Achmed Boussi gelaaf sinn. Am Ofschloss virum Goal ware mir ufanks awer nach ze harmlos. Op der aanerer Säit war et allerdéngs och net besser. Op engem rutschegen Terrain hu vill Fehlpassen d'Spill vun der Minettsequipe bestëmmt. An der 22. Minutt gëtt den Achmed Boussi vum Kylian Chalumeau duerch déi géigneresch Ofwier geschéckt, deen leet sech de Ball laanscht de Keeper a kann an den eidele Goal zum 1-0 fir eis Faarwen annetzen. Duerno huet Kayl/Tetange sech bësse gefaangen a konnt eis besser zoustellen. Mam Halbzeitpëff an der 45. Minutt fällt den 1-1, dëst no engem Korner wouropshinn de Ball un de lénkse Potto, dann un de rietse Potto a schlussendlech am Goal geland ass.
 
Déi zweet Halschent huet een gemierkt dass den déiwen Terrain seng Spueren hannerlooss huet, d'Been si schwéier ginn an et ass net méi vill zesumme gelaaf. Et huet geschéngt wéi wann Kayl/Tetange zunehmends d'Iwwerhand iwwert d'Spillgeschéien géif kréien, an trotzdeem ka Berbourg an der 77. Minutt wéi aus dem näischt den 2-1 Féirungstreffer maachen. No enger Flank vum Achmed Boussi vu lénks ass et den Tom Maurer dee virum Keeper a Verteideger un de Ball kënnt an erakäppe kann. Kuerz drop hat den Imran Rafdy an der Mëtt virum eidele Goal suguer de secheren 3-1 um Fouss, mee hie konnt de Ball net kadréieren.
 
No 90 Minutten gewanne mer domat eisen éischten Heemmatch am Joer 2020 a proféitéieren vun enger Néierlag vum CS Grevenmacher am Pafendall, fir op déi 3. Plaz an der Tabell ze sprangen.
 
Mir si Berbuerg!