Seniors 1: Sëlwermedaille um Askal-Cup zu Consdorf


21 January 2018

Eis éischt Equipe war och dëst Joer rëm um traditionnellen Askal-Cup zu Consdorf an der Hal am Asaz.

Schon en Donnesteg Owend sinn d'Qualifikatiounsmatcher an der Grupp A gespillt ginn. Berbourg konnt sech do hannert dem Daring Echternach den Ticket fir d'Finalronn um Sonndeg secheren.

Berdenia Berbourg - Young Boys Diekirch 4-3
Daring Echternach - Berdenia Berbourg 6-1
Berdenia Berbourg - FC Olympia Christnach 5-2


An der Grupp B hu sech dann Freides Owes den FC Victoria Rosport an USBC 01 duerchgesat. 

Um Sonndeg konnt Berbuerg sech dann mat folgende Resultater op dei zweete Plaz spillen:

USBC 01 - Berdenia Berbourg 4-2
Berdenia Berbourg - Victoria Rosport 0-0
Berdenia Berbourg - Daring Echternach 4-0