Seniors 1: Schwierege Match zu Bartréng


29 April 2019

Sporting Bertrange - FC Berdenia Berbourg 2-2

 Nom laange Match ënnert der Woch an der Coupe FLF, war et um Sonndeg en insgesamt schwaache Match vu Berbuerger Säit. An der éischter Halschent ass net vill passéiert. De Géigner hat 2-3 gutt Chancen, déi eise Keeper Luc Cattazzo awer souverän oofgewiert huet. An der zweeter Halschent fällt dann den 1-0 an der 55. Minutt fir Bartreng duerch en Ugrëff wou de Ball vun der Säit an d'Mëtt kënnt an de Stiermer alleng um zweete Potto fräi zum Oofschloss kënnt. Kuerz drop huet den Tom Maurer eng Riesechance wou hien alleng virum Keeper optaucht, säi Schoss awer och um Schlussmann hänke bleift. An der 61. Minutt fällt dann awer den Ausgläich duerch den Lucas Tsapanos no enger schéiner Viiraarbescht an Doppelpass mam Achmed Boussi. Nëmmen 3 Minutten méi spéit kann d'Lokalekipp rem a Féirung goen, dëst per Kappball no engem Fräistouss aus dem lénken Halleffeld. Kuerz viru Schluss probéiert den Daniel Benner et nach eng Kêier mat engem Wäitschoss aus 20 Meter. De Verteideger blockt de Ball mam Aarm am Strofraum, an de fällegen Penalty gëtt vum Philipp Galle zum 2-2 Endstand eragesat.