SENIORS 1: Same procedure as every match


10 April 2018

FC Koeppchen Wormeldange - FC Berdenia Berbourg 4-1 
Et war gewosst dass et bäim Tabellendrëtten an Opstiegsaspirant vu Wormer näischt geschenkt gëtt. Allerdéngs huet Berbuerg séngem Géigner et e bëssen ze einfach gemaach a selwer Cadeau'en verdeelt. No 2 Minutten stoung et schon 1-0 fir d'Heeméquipe an daat no engem katastrophale Fehler an der Ofwier. De Rayane Laouira kann awer no 11 Minutten onerwaard ausgläichen. Defensiv gëtt weider onsécher gespillt, de Ball ganz oft ëmmer rëm no hannen gespillt, bis - vum Géigner gedrängt - de Ball verluer geet. No enger Reih Korneren, verwandelt Wormer e schéine Kappball zum 2-1. 

No der Paus huet de Géigner och weiderhinn d'Uewerhand an et dauert knapp 20 Minutten bis den 3-1 fällt. Allerdéngs sinn och e puer gutt Berbuerger Aktiounen no viir ze gesin, virun allem vum Sebastian Ting an och vereenzelt vum Achmed Boussi, déi awer nët a Goaler ëmgewandelt kënne ginn. Och de Rayane Laouira huet eng 100%eg Chance do leien, déi hien net verwandelen kann. Sou kënnt Wormer nach kuerz viru Schluss zum 4-1, waat dann och d'Endresultat vum Match ass. 

Nächste Freideg ass dann den Derby géint de souveränen Tabelleleader vu Jonglënster (13/04 um 20h00 zu Lënster) wou nët onbedéngt vu viran alles verluer ass. Déi läscht Matcher hu gewisen dass een de Leader a Bedrängnis brénge kann, wann een mat enger konzentréierter an disziplinéierter Defensivaarbescht iwwert de gesamte Match optrëtt. Biwer an och Weiler hu jeweils 2 Goaler geschoss a konnten réicht an de Schlussminutten geschloen ginn. 

Equipe: Joé Reuter, Suvad Spahic, Philipp Galle, Ibrahim Diop, Charel Weidert, Eric Galetto, Pit Wagner, Sebastian Ting, Achmed Boussi, Fynn Falkenau, Rayane Laouira 
Reserve: Bob Schrantz, Manuel Kaufmann, Chris Sauber, Leandro Lopes, Daniel Contrino